Vum 1. Juli un wëll d'EU-Kommissioun d'Grenze fir Länner ausserhalb vun der EU kontrolléiert opmaachen. Den Europäesche Conseil, an deem d'Memberlänner vertruede sinn, muss eng Lëscht opstellen vu Länner, aus deenen d'Reesender vun deem Moment un an d'EU reesen kënnen.