D'Verhandlunge vum Europäesche Parlament an dem Europäesche Conseil hunn sech iwwer d'Moderniséierung an zousätzlech Garantien fir den Zougang zu de verschiddene Systemer an Datenbanken fir ënner anerem d'Emissioun a Kontroll vun Schengen Visaën.
Zum Beispill wäerten an Zukunft méi biometresch Donnéeë gesammelt ginn, fir vermësste Kanner ze verfolgen. Laut dem politeschen Accord, deen en Dënschdeg erreecht gouf, gëtt et e Reglement mat klore Konditioune fir Zougang zu verschiddene Systemer an Datenbanken, souwéi déi néideg Sécherheetsmoossnamen fir d'Grondrechter.
Wichtegst Reform zanter dem VIS agefouert gouf
Déi wichteg Fuerderunge vum Parlament goufen an de Verhandlunge berücksichtegt. Den Deal bitt:
- verbessert juristesch an technesch Architektur vum System an Interoperabilitéit mat den aneren EU-Datenbanken (Schengen Informatiounssystem, Entry/Exit System, European Travel Information and Authorization System (ETIAS), Eurodac, Europol Daten an ECRIS-TCN als Deel vun der Visa Prozedur;
- dat gëllt och fir Dokumenter mat enger Demande fir laangfristeg Residenz (MVV), d'Rechter vun de Besëtzer vun esou Dokumenter sinn besser garantéiert;
- e verbesserten Zougang fir Europol a Gesetzesbehörden zum Visa-Informatiounssystem (VIS);
- den Alter bei deem Fangerofdréck a Gesiichtsbilder vu Mannerjäregen geholl kënne ginn, gëtt vun 12 op 6 Joer erofgesat fir vermësste Kanner z'identifizéieren an ze verfolgen, Kannerhandel ze bekämpfen an Abléck a Familljeverbänn ze ginn;
- Fangerofdréck vu Persounen iwwer 75 Joer sinn net méi néideg;
- an et gëtt besser Sécherheetsmoossnamen fir d'Benotzung vu Gesiichtsbilder fir biometresch Matching.
Paulo Rangel (EVP, PT) seet: „D'Europaparlament muss eise Bierger Resultater weisen, wéi zum Beispill bessere Schutz vun de Baussegrenzen, Bekämpfung vu Kannerhandel an Terrorismus, Stäerkung vum fräie Verkéier a Schengen a Bäitrag zu enger méi effizienter Retourpolitik. Ee Grondprinzip muss awer nach respektéiert ginn: e méi extensiv System bedeit och besser Privatsphärgarantien. Dëst ass déi wichtegst Reform zënter der Aféierung vum VIS a soll 2023 fäerdeg sinn. "
Visa Information System (VIS)
De Visa Informatiounssystem (VIS) ass eng EU-Datebank déi vun Autoritéiten benotzt gëtt fir Net-EU Staatsbierger ze kontrolléieren wa se e Visa ufroen fir an d'Schengen Regioun ze reesen. Et besteet aus engem zentrale IT-System an enger Kommunikatiounsinfrastruktur déi Konsulaten an Net-EU Länner an all extern Grenzposte vu Schengen-Staaten verbënnt.
Am Mee 2018 huet d'Europäesch Kommissioun eng Propositioun presentéiert fir de Visa Informatiounssystem ze upgraden fir besser op evoluéierend Sécherheets- a Migratiounsfuerderungen ze reagéieren an d'Gestioun vun den externe Grenzen vun der EU ze verbesseren.
Source: Europäescht Parlament